Wéi d'Gemeng Mäertert-Waasserbëlleg matgedeelt huet, ass de Grenziwwergang zu Waasserbëlleg vum 2. Juni u fir zwou Woche gespaart.

Vum 2. Juni un ass d'Wasserbilligerbrück fir 2 Woche gespaart, dat well op der Plaz geschafft gëtt. A béid Richtungen ass de Passage net méiglech.

Op der Plaz gëtt de Belag nei geluecht.

Weider Detailer fannt Dir um Site vum Landesbetrieb Mobilität Rheinland-Pfalz.

Wéi d'Gemeng weider matdeelt, ass den 2. Juni och d'rue Haute zu Mäertert gespaart.

Och d'rue du parc bei der Schoul ass zou, dat vum 2. Juni bis de 5. Juni.