Zu Essen sinn e Sonndeg Nomëtteg zwee Cycliste kollidéiert a goufe blesséiert. Zu Réimech krute sech zwee Autoen ze paken.

Wéi de CGDIS e Méindeg am Bulletin schreift, koum et e Sonndeg zu zwee Accidenter mat Blesséierten.

Zu Essen sinn e Sonndeg Nomëtteg zwee Cycliste kollidéiert. Si goufen allenzwee blesséiert.

Zu Réimech an der route de Vin hu sech e Sonndeg Nomëtteg zwee Autoen ze pake kritt. Hei ass eng Persoun verwonnt ginn.

Weider mellt de CGDIS en oppent Feier um 3 Auer an der Nuecht zu Leideleng. Blesséiert gouf hei keen.

E Méindeg de Moien huet dann zu Iechternach um Séi eng Poubelle gebrannt. Blesséiert gouf och hei keen.

Gebrannt huet et och e Méindeg de Moien zu Bäerdref. Hei hate Persounen e Feier fir ze grillen ugefaangen, dat awer e Sickerbrand ausgeléist huet. D'Pompjeeë waren op der Plaz an hunn d'Feier séier kënne läschen. D'Police huet op der Plaz festgestallt, datt Dreck hannerlooss war.

Och d'Police mellt och en Accident e Sonndeg Owend géint 20 Auer op der N27 bei der Giewelsmillen. En Automobilist ass accidentéiert. Hien hat ze vill gedronk an huet säi Permis missen ofginn.