D'Fréijoer war iwwerduerchschnëttlech waarm an dréchen. Wéi de Wiederdéngscht ASTA matdeelt, huet de Waassermangel Konsequenze fir d'Landwirtschaft.

Den 1. Juni fänkt de meteorologesche Summer un an domat hält d'Fréijoer op. Mam Enn vum Fréijoer huet de staatleche Wiederdéngscht ASTA (Administration des services techniques de l'agriculture) an engem Communiqué  de Bilan vum Fréijoerswieder gezunn.

Tëscht dem 1. Mäerz an dem 31. Mee war d'Temperatur ëm 1.1°C méi waarm an dréche wéi am Verglach zum Referenzwäert. Dëse Wäert ass den Duerchschnëtt vun der Periode 1981-2010.

Iwwer e Mount laang huet et net gereent, dat vum 22. Mäerz bis de 27. Abrëll.

Dës Donnée sinn aus dem Miesssystem vun der ASTA, dat aus 32 automatesche Wiederstatiounen uechtert d'Land steet.

Fir d'Landwirtschaft huet dës Dréchent Konsequenzen. Wéi d'ASTA matdeelt, géife sech d'Kulturen an engem onbefriddegenden Zoustand befannen. Dat gëllt fir den Akerbau, d'Wisen a fir d'Geméisplantagen. D'Wieder an den nächste Woche wier entscheedend fir de weidere Verlaf vun de landwirtschaftleche Kulturen.

A ganz Mëtteleuropa ass d'Situatioun änlech. D'EU-Kommissioun geet dovun aus, datt d'Landwirtschaft a Mëtteleuropa dowéinst dës Joer wäert e méi kléngen Ertrag hunn.