Den 112 mellt eng Rëtsch Accidenter um Péngschtméindeg. Zu Munneref, zu Esch, zu Wallenduerf an um Kierchbierg goufen am ganze 6 Persoune blesséiert.

Kuerz viru 14 Auer ass tëscht Éimereng a Munneref ee Cyclist gefall, hie gouf blesséiert.

Kuerz no hallwer 15 sinn op der Streck Wallenduerf-Pont-Wallenduerf 2 Gefierer net laanschtenee komm, eng Persoun gouf heibäi blesséiert.

Géint 15 Auer koum et zu Esch zu engem Accident, dat an der Rue du Canal. 2 Autoen haten sech hei ze pake kritt, an et gouf eng Persoun verwonnt.

Um 16 Auer waren um Kierchbierg an der Rue John F. Kennedy am ganze 5 Autoe matenee kollidéiert. 3 Persoune goufe blesséiert, an et waren 2 Ambulanzen op der Plaz.