Déi amerikanesch Museksindustrie wëllt mam "Black Out Tuesday" een Zeechen géint d'Policegewalt sëtzen.

Fir den 2. Juni hu virun allem déi grouss Museksindustrië wéi Sony Music, Universal Music a Warner Music op hire Social Media Accounts ugekënnegt, dass si hire Betrib fir dësen Dag astelle wäerten.

De "Black Out Tuesday" ass een Zeeche vun der US-amerikanescher Museksindustrie géint déi héich Unzuel vun déidlechen Ugrëff vun der Police géint Afroamerikaner. Den Ausléiser zu der Beweegung "Black Lives Matter" ass de Mord um afroamerikaneschen George Floyd, deen duerch de Polizist Derek Chauvin um 25. Mee virun der Kamera ëmbruecht gouf. De Fall suergt a ganz Amerika fir Protester an Demonstratiounen.