Fir ze evitéieren, dass d'Foussgänger sech net méi op de Stroosseverkéier konzentréieren, ass dës Mesure um Méindeg ëmgesat ginn. 

Wéi et vun der Stadverwaltung heescht, hätt d'Zuel vun de Smartphone Notzer zougeholl, an domat och d'Accidenter.

Eng japanesch Etüd hat 2014 erginn, dass ee Foussgänger, deen op säi Smartphone kuckt, just nach 5% Vue op säin Ëmfeld huet. An enger Computersimulatioun waren 1.500 Persounen iwwert eng vill befuere Strooss gaangen, an hunn dobäi op de Bildschierm gekuckt. Zwee Drëttel koumen net ouni Tëschefall op der anerer Stroossesäit un.

Opgrond vun dëse Resultater gouf d'Decisioun zu Yamato getraff. Strofe si keng virgesinn, wann géint d'Gesetz verstouss gëtt. Et erhofft een sech, dass d'Verbuet d'Bewosstsinn fir d'Gefore stäerkt, esou d'Stadverwaltung.