D'Partygänger ware mat Booter iwwert de Kanal Kreuzberg gefuer, fir ze demonstréieren.

Et haten sech ursprénglech 100 Persounen ugemellt, fir Sonndesnomëttes géint d'Stierwe vun der Rave Kultur ze protestéieren. Iwwert 3.000 Persoune ware schlussendlech vun Alt-Treptow bis Kreuzberg um Kanal mat 400 Booter ënnerwee.

Wéi déi däitsch Police weider mellt, hätt d'Demonstratioun géint hallwer 13 um Treptower Hafen ugefaangen, dëst nach mat enger iwwersiichtlecher Unzuel u Persounen. Kuerz no 16 Auer war d'Zuel schonn op 400, an um Enn vum Nomëtteg wier et dunn eskaléiert. D'Gäscht hu virum Spidol Kreuzberg op Elektro Musek gedanzt, an dobäi net de néidegen Ofstand gehalen. Um hallwer 18 huet d'Party misse vun der Police ënnerbrach ginn. Dëst huet bis 21 Auer gedauert.

Protokoller an Identitéitsiwwerpréiwunge sollen et keng gi sinn. Virun epuer Deeg ass d'Zuel fir Persounen op Demonstratiounen an Däitschland gelackert ginn.