Den US-President Trump huet een haart Virgoe géint Randaléierer ugekënnegt.

Nodeems sech den Donald Trump fir e Militärasaz am Kader vun de Protester an den USA ausgeschwat huet, sinn déi demokratesch Gouverneure géint dës Propos. Verschiddener soten et wier net ze verteidegen, d'Militär géint d'US-Bierger anzesetzen. Donieft géif et dofir keng rechtlech Grondlag ginn.

De Presidentschaftskandidat fir d'Demokraten Joe Biden huet sech beonrouegend gewisen. Op Twitter schreift hien, datt den US-President Leit, déi friddlech protestéieren, zum Beispill mat Tréinegas ugräife géif. Och op internationalem Niveau gëtt den Trump fir seng Propos kritiséiert a stéisst net op vill positiv Aussoen.

Sollten d’Buergermeeschteren a Gouverneuren op de betraffene Plazen net fir Uerdnung a Sécherheet suergen, wäert hien d’Militär dohi schécken, sot hien an enger Usprooch. Den US-President Trump huet domadder menacéiert d’US-Militär anzesetzen, fir déi landeswäit Protester ze stoppen.

Nom Dout vum 46-järegen Afroamerikaner George Floyd kënnt et zënter enger Woch zu gréissere Protester an den USA. Weltwäit ginn ëmmer méi Leit op d'Strooss a setzen en Zeeche géint Rassismus. E Freideg ass och eng Manifestatioun zu Lëtzebuerg geplangt.