Den 2. Juni fänkt a Frankräich déi zweet Phas vum Deconfinement un.

A Frankräich fänkt een den 2. Juni mat der zweeter Phas vum Deconfinement un. Vun en Dënschdeg un dierfe Restauranten, Caféen a Baren, déi an der sou genannter grénger Zon sinn, nees hir Dieren opmaachen. Dat natierlech ënner strenge Sécherheetskonditiounen. Zu Paräis z.B. ass just d'Ouverture vun den Terassen erlaabt, Paräis ass an der sou genannter oranger Zon. Do dernieft dierfen d’Fransouse vun en Dënschdeg un, och nees méi wäit reese wéi just 100 Kilometer vun hirem Wunnuert ewech. D’Grenze bleiwen iwwerdeems bis Mëtt Juni zou.