An der Rue Charles Bernhoeft um Kierchbierg ass e Méindeg den Owend ee Gas-Grill explodéiert. De Grond dofir ass net bekannt.

Am Lokalen huet et an de leschte Stonnen op e puer Plaze gebrannt.

Wéi de CGDIS en Dënschdeg de Moie schreift, ass e Méindeg den Owend um Kierchbierg an der Rue Charles Bernhoeft, ee Gas-Grill explodéiert. Blesséiert gouf awer keen. De Grond vun der Explosioun ass net bekannt.

Zu Dikrech gouf et an der Rue Edmond Jean Klein ee Feier op engem Balcon. An zu Lëntgen an am Rolléngergrond huet all Kéiers getesselt Holz gebrannt.