Um Glacis an der Stad wäert et am Juli/August een Autokino ginn. Dat soten déi Stater Responsabel e Mëttwoch um City Breakfast.

D’Stad ënnerhëlt weider Schrëtt am Deconfinement. Scho bei der leschter Pressekonferenz haten déi Stater Responsabel ugekënnegt, dass een de Commercen an der Stad wëllt finanziell ënnert d’Äerm gräifen.

Akafsbonge vun 1'000 Euro pro Commerce
An deem Sënn gouf decidéiert, dass eng 1’500 Commercen ugeschriwwe ginn, bei deenen d’Stad dann Akafsbonge vun 1’000€ keeft, déi duerno u Cliente verspillt oder op soss eng Aart a Weis verdeelt ginn.

Weider gëtt de Site cityshopping.lu an d’Liewe geruff op deem all Betrib sech ka presentéieren. Eng 82 Betriber hunn och ugefrot, fir hir Terrasse kënnen ze vergréisseren. Eng weider finanziell Direkthëllef fir d’Commercen ass iwwerdeems an der Maach.

Lauschtert hei de ganze Reportage:

Iwwer 3,5 Millioune Masken an der Stad verdeelt
D’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer ass och nach emol op d’Diskussiounen den Dënschdeg an der Chamber agaangen. Si géif hoffen, dass dann do d’Demanden, déi ee gestallt hätt och vun der Regierung berécksiichtegt goufen. Do wier z.B. d’Demande ze nennen, dass d’Distanze vun 2 Meter op 1,5 Meter erofgesat gëtt, dass d’Spillplazen erëm sollen opgoen an dass Buschaufferen, déi jo sëtze keng Maske méi mussen undoen.
Ma d’Buergermeeschtesch huet sech zouversiichtlech gewisen, dass d’Regierung dës Demanden de Mëttwoch am Regierungsrot wäert consideréieren.

Weider war et d’Informatioun, dass eleng d’Stater Gemeng 3.612.000 gratis Masken op 9 Plazen ausgedeelt goufen, dat fir 72.249 Leit.

Infrastrukture maachen no an no erëm op
Donieft ginn och eng ganz Rëtsch weider kulturell a sportlech Strukturen an der Stad erëm op, dëst wieren all d’Fussballterrainen, den Terrain fir d’Bouschéissen, de Stade Josy Barthel, d’Sportsterraine Boy Konen an d’Tennisterrainen. Och d’Petanque-Terraine ginn op, dëst awer nëmme fir d’Veräiner, déi och dofir responsabel sinn, sech ëm d’Hygiènesreegelen ze këmmeren.

Da ginn och d’Sportshale fir d’Veräiner op. D’Duschen an de Strukture bleiwen awer fir de Moment zou. An och de Skatepark zu Hollerech ass vum 15. Juni un erëm op.

D’Buergermeeschtesch sot och, dass ee géif hoffen, dass d’Distanzen op 1,5 Meter erofgesat ginn, dat wier virun allem fir den Theater oder soss kulturell Institutioune sënnvoll, esou géif ee méi Spectateuren era kréien.

Vum 13. Juli u wäert och d’Cinemathéik erëm opgoen. Vum 17. Juli bis den 1. August wäert se och zousätzlech en Autokino um Glacis ubidden.