Zu Lëtzebuerg ass d'Zuel vun de confirméierten Infektiounen e Freideg ëm 52 Fäll op 4.447 geklommen.

Vun en Donneschdeg op e Freideg sinn déi confirméiert Infektiounen ëm 52 Fäll geklommen. D'Gesamtzuel läit domat elo bei 4.447. Den Donneschdeg waren et der 4.395 (+50) an e Mëttwoch 4.345 (+46).

Iwwerdeems ass kee weidert Doudesaffer gemellt ginn, et bleift domat bei 110 Doudesfäll.

22 Leit sinn de Moment wéinst COVID-19 am Spidol. Et leien 3 Persounen op der Intensivstatioun. An der Tëschenzäit konnten 956 Patienten d'Spidol erëm verloossen.

4.016 Persoune gëllen an der Tëschenzäit als geheelt. 321 Infektiounen si weider aktiv. Bis ewell goufen 207.809 Tester gemaach.

De Reproduktiounstaux läit iwwerdeems bei 1,29.