Ee Motocyclist vu 26 Joer war op der N22 mat senger Maschinn gefall. Hien huet d'Accident net iwwerlieft.

Een déidlecht Motorradsaccident gouf et en Donneschdeg den Owend op der N22 tëscht Béiwen/Atert a Biissen an der Rue de la gare. Ee 26 Joer ale Motocyclist vu Biissen war géint 20h15 mat senger Maschinn gefall, hien ass nach op der Plaz gestuerwen.