De Mann hat ze vill gedronk, dunn en aneren Auto beschiedegt a wollt sech dunn duerch d'Bascht maachen. Dat hat awer net geklappt.

Den Donneschdeg de Mëtteg gouf de Police gemellt, dass e Chauffer sech no engem Accident zu Schëffleng duerch d'Bascht gemaach huet. En Zeien hat gesinn, wéi deen a Richtung Parking bei der Gare gefuer an dunn zu Fouss fortgelaf ass.

Et sollt sech erausstellen, dass de Mann ze vill gedronk hat, ma en huet gesot, dass en net gefuer ass. U sech wollt hien e Stau ëmgoen an dobäi hat en en anere Won beschiedegt, e Constat wollt en awer duerno net ausfëllen.

Well och d'Pabeiere vum Auto net an der Rei waren an hien de Führerschäi schonn ofgeholl krut, gouf de Won confisquéiert.

Géint 9.30 Auer de Freideg war der Police dunn nach en Accident um Belair op der Kräizung vun der Avenue Gaston Diderich gemellt ginn. Do war eng Spur blockéiert an eng Persoun war ageklemmt ginn.

Wärend de Rettungsaarbechten huet sech erausgestallt, dass et zu enger Frontalkollisioun komm war, well e Chauffer deem aneren d'Virfaart geholl huet. De schëllege Chauffer stoung ënner liichtem Alkoholafloss.