1.000 Euro a Form vu Bongen - esou wëll d'Stad hir Betriber ënnerstëtzen. Hei gouf d'Frist fir de respektiven Dossier anzereeche verlängert.

Commerçanten a Restaurateuren aus der Stad kréie jo vun der Gemeng ënnert der Form vu Bongen eng finanziell Ënnerstëtzung. Hei gouf d'Period fir déi néideg Dokumenter ofzeginn elo verlängert. E weidere Rendezvous ass op den 3. Juli geluecht ginn, datt an der Hal Victor Hugo um Lampertsbierg vun 8 bis 16 Auer. Bis ewell hunn 900 Commercen dovunner profitéiert. D'Stad hat jo annoncéiert, datt ee pro Commerce Bongen am Wäert vun 1.000 Euro keeft an dës da verspillt.