En autistesche Jong hat am August 2019 e 6-Järege vun der Aussiichtsplattform geheit mam Hannergedanken dëse wëllen ëmzebréngen.

E Jonken, dee viru knapp engem Joer e 6-Järege vun enger Aussiichtsplattform vum Londoner Tate-Musée gestouss huet, ass dëse Freideg zu enger liewenslaanger Prisongsstrof veruerteelt ginn. Op d'mannst 15 Joer dovunner misst den haut 18-Järegen am Prisong bleiwen, esou d'Riichterin.

Beim Täter handelt et sech ëm en autistesche Jong, deen d'Dot scho laang am Viraus geplangt gehat hätt. Hien hat den Ermëttler no uginn, mat der Dot wëllen an d'Noriichten ze kommen. Am Virfeld hat en deemno Recherchë gemaach, wéi een eng aner Persoun ëmbrénge kéint.

Seng Dot wier duerch den Autismus net ze erklären, well hie konkret virhat, eng aner Persoun ëmzebréngen, och wann d'Kand en Zoufallsaffer war. Et hat d'Dot iwwerlieft, gouf extrem schwéier blesséiert an ass an Dauer-Fleeg. Ob sech säin Zoustand an noe Zukunft verbessert, kéint een de Moment net soen.