E Freideg soll et zu Glasgow a Schottland op oppener Strooss zu enger Messerattack komm sinn.

Bei enger Messerattack am schottesche Glasgow dëse Freideg goufen am Ganze 6 Persoune blesséiert, dorënner och e Polizist. Wéi et op Twitter heescht, wier hien an engem kritesche mee stabillen Zoustand. Wéi et weider heescht, wier eng Persoun erschoss ginn, hei soll et sech wuel ëm den Täter handelen.

D'Police hat op Twitter direkt vun engem eeschten Tëschefall, deen an Tëschenzäit ënner Kontroll ass. Op Videoen ass ze gesinn, wéi schwéier arméiert Polizisten am Asaz sinn. Iwwert d'Hannergrënn ass bis ewell näischt gewosst.