Wéi d'Police e Freidegowend matgedeelt huet, hat en Zeien en Auto am Séi entdeckt. Eng Persoun gouf awer net fonnt.

Géint 16 Auer e Freideg gouf d'Police vun enger Fra informéiert, datt si beim Schwammen am Séi zu Wäiswampech (Weilwerdanger Strooss) en Auto am Waasser entdeckt hat. D'Gefier konnt kuerz Zäit drop aus dem Séi gebuerge ginn. Taucher vum CGDIS sinn an d'Waasser gaangen an hunn d'Plaz ofgesicht. Et goufen awer keng Persounen an der Géigend vum Auto oder am Won selwer fonnt. De Parquet ass informéiert ginn an et gouf eng Ënnersichung an d'Weeër geleet.