En onbekannten Täter huet e Freideg kuerz viru 17 Auer eng eeler Fra ugegraff.

Hien huet hir vun hannen an d'Posch gegraff an de Portmonni geklaut. Dobäi huet den Déif d'Affer géint d'Fassad vun engem Buttek gestouss, d'Fra huet d'Gläichgewiicht verluer an ass op de Buedem gefall. Si gouf net blesséiert, stoung allerdéngs ënner Schock. Den Täter huet sech duerch d'Galerie Bonn a Richtung Plëss duerch d'Bascht gemaach.

Direkt gouf no engem Mann mat Mask, enger rouder Baseball-Kapp an enger kuerzer Box gesicht. Dëse konnt bis ewell awer net erëmfonnt ginn. Zeien, déi nëtzlech Indicen oder soss eppes Wichteges gesinn hunn, sollen dëst direkt dem 113 mellen.