Ënnert anerem goufen 32 Kelleren iwwerschwemmt an op enger Plaz sinn d'Zille vun engem Daach fortgeflunn.

Ewéi de CGDIS matdeelt, hätt ee wéinst dem Onwieder, dat an der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg war, ronn 50 Appellen um 112 enregistréiert. Laut engem éischte Bilan, goufe ronn 11 Beem ëmgehäit, respektiv Äscht vu Beem erofgerappt, 32 Kellere stoungen ënner Waasser an op enger Plaz hat de Wand d'Zille vun engem Daach erofgerappt.