Dëst soll och fir d'Posts vum US-President Donald Trump gëllen.

Facebook huet ugekënnegt, dass Bäiträg vu Politiker, déi géint d'Benotzungsbedéngunge verstoussen an Zukunft wäerte markéiert ginn. Dëst soll och fir d'Posts vum US-President Trump gëllen. De Chef vu Facebook, Mark Zuckerberg, huet iwwerdeems matgedeelt, dass Posts an deene behaapt gëtt, dass Mënschen déi eng bestëmmten Hierkonft, Relioun oder sexuell Orientéierung hunn, eng Gefor fir d'Sécherheet oder déi allgemeng Gesondheet wieren, an Zukunft solle geläscht ginn.

Facebook war an de leschte Wochen ënner Drock geroden, well d'Plattform falsch Behaaptungen déi den Donald Trump a senge Beiträg gemaach hat, einfach esou stoe gelooss hat. Eng Partie grouss Entreprisen, dorënner ënnert anerem "Coca Cola" a "Ben and Jerrys" haten ugekënnegt bis op Weideres keng Reklamme méi op Facebook ze placéieren. Dëst well dat soziaalt Netzwierk hirer Meenung no net genuch géint Beiträg mat rassisteschen a manipulativen Inhalter maache géif.