Nieft der Ambulanz war och de Samu op der Plaz. Bei 3 weideren Accidenter gouf jeeweils eng Persoun liicht blesséiert.

Ewéi de CGDIS matdeelt, koum et an der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg zu engem méi uergen Accident. Um 01h36 gouf zu Dummeldeng op der Gare eng Persoun vun engem Zuch ugestouss an dobäi blesséiert. Nieft der Ambulanz war och de Samu op der Plaz.

Donieft mellt de CGDIS 3 weider Accidenter, bei deenen all Kéiers eng Persoun liicht blesséiert gouf:

Um 23h29 de Freideg Owend kruten sech an der Rue de La Gare zu Beetebuerg 2 Autoen ze paken.

Um 01h09 war an der Grand-Rue zu Waasserbëlleg en Auto accidentéiert.

Um 04h02 hat sech an der Rue de Neudorf an der Stad en Auto bei engem Accident iwwerschloen.