Dës Decisioun betrëfft ënnert anerem en indeschen an e schwaarze Personnage.

D'Produzente vun der Kultserie "The Simpsons" hunn ugekënnegt, an Zukunft keng wäiss Schauspiller méi ze huele fir Charakteren déi zu enger ethnescher Minoritéit zielen, ze synchroniséieren. Dës Decisioun betrëfft ënnert anerem e Personnage deen Apu heescht. Dësen huet an der Serie indesch Originen. An der Serie gouf dëse vum wäisse Schauspiller Hank Azira synchroniséiert. Iwwerdeems war de Personnage dacks kritiséiert ginn. Dëst well e rassistesch Stereotyppe bedénge géif. Den Hank Azira hat dowéinst schonn am Januar zejoert decidéiert de Personnage net méi ze synchroniséieren.

An Zukunft, sollen och déi aner faarweg Charakteren aus der Serie net méi vu wäisse Schauspiller geschwat ginn. Esou huet ënnert anerem de Schauspiller Harry Shearer, deen an der Serie de Personnage vun engem schwaarzen Dokter synchroniséiert, ugekënnegt dëse Charakter an Zukunft net méi wäerten ze schwätzen.