Nieft dem Déifstall hat d'Police et mat zwee Automobilisten ze dinn, déi ze vill gedronk haten.

D'Police mellt en Déifstall zu dem et de Samschde Mëtte komm ass. Um 12h45 gouf eng Persoun an der Deportatiounsstrooss zu Gaasperech vun enger zweeter, onbekannter Persoun no der Auerzäit gefrot. Ewéi d'Affer säin Handy aus der Täsch geholl huet fir d'Auerzäit ze kucken, huet dës hir den Handy aus dem Grapp gerappt an ass duerno iwwert d'Schinnen an Direktioun vun der Stater Gare fortgelaf.

Donieft mellt Police 2 Fäll vun Alkohol um Steier:

Um 18h35 de Freiden Owend war en Automobilist an der Areler Strooss an der Stad engem aneren Auto hannendra gerannt an ass duerno einfach weider gefuer. Eng Patrull vun der Police konnt de Mann awer viru senger Hausdier untreffen. Dësen hat ze vill Gedronk a krut de Führerschäin op der Plaz ofgeholl.

Um 04h30 de Samschde Moien ass enger Patrull vun der Police en Auto opgefall, dee mat zwee Platte Pneuen op der Bäifuerersäit an der Lëtzebuerger Strooss zu Waasserbëlleg op enger Tankstell stoung. Ewéi de Chauffer vum Auto weiderfuere wollt, hunn d'Beamten hien dobäi gehënnert. Et huet sech erausgestallt, dass de Chauffer däitlech ze vill gedronk hat. D'Beamte ginn dowéinst dovun aus, dass hie mat der Bäifuerersäit vu sengem Auto an en Objet gerannt war. Si hunn de Permis vum Mann agezunn.