Virun zwou Woche war e geklaute Bild vum bekannte Kënschtler Banksy an Italien opgedaucht. An der Woch goufe Verdächteger a Frankräich festgeholl.

A Frankräich si 6 Verdächteger wéinst dem Déifstall vun engem Banksy-Bild aus dem Paräisser Club Bataclan festgeholl ginn. Déi Verdächteg goufen dës Woch a verschidde Regioune vu Frankräich gestallt. Esou heescht et e Samschdeg vun de franséischen Autoritéiten. Zwee vun de Verdächtege solle wéinst Déifstall ugeklot gi sinn, 4 weiderer wéinst Verschleierung vun der Dot.

D'Bild, dat dem britesche Kënschtler Banksy zougeschriwwe gëtt, war geklaut ginn a virun zwou Wochen an Italien opgedaucht. D'Police hat et bei enger Razzia séchergestallt. D'Konschtwierk erënnert un dat islamistescht Attentat op de Bataclan mat 90 Doudesaffer am Joer 2015. Dorop ass eng Fra ze gesinn, déi trauert. D'Bild war am Club opgehaangen a gouf am Januar d'lescht Joer vun Déiwen aus der Dier erausgeschnidden.

De Banksy ass ee vun de prominentste Graffiti-Kënschtler vun der Welt, seng Identitéit ass awer just enger Handvoll Leit bekannt. Seng Konschtwierker sinn a ville Länner op Maueren ze gesinn. Dacks hu seng Biller e politesche Message.