Bei engem Spendenopruff vun der EU-Kommissioun sinn e Samschdeg 6,15 Milliarden Euro zesummekomm. 40 Regierungen haten un der Veranstaltung deelgeholl.

Bei enger Spendekonferenz vun der EU-Kommissioun an der Initiativ "Global Citizen" sinn e Samschdeg 6,15 Milliarden Euro Donen fir en Impfstoff géint Corona gesammelt ginn. Mat de gesammelte Sue soll d'Entwécklung vun engem Impfstoff finanzéiert ginn an dozou bäidroen, datt och méi aarm Regiounen an der Welt dësen Impfstoff kréien.

4,9 Milliarden Euro dovun huet d'Europäesch Investitiounsbank gespent. Dat huet d'EU-Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen matgedeelt. Et hätte 40 Regierungen un der Online-Konferenz deelgeholl.

Weider huet d'Kommissiounscheffin gesot, et wéilt een de Mënschen iwwerall op der Welt Zougang zu Tester an Impfstoff sécheren, "onofhängeg dovunner, wou ee liewt a wéi een ausgesäit", esou d'von der Leyen.

No enger Spendekonferenz am Mee ware schonn 10 Milliarden Euro gesammelt ginn. Der Aschätzung vun der Weltgesondheetsorganisatioun WHO sinn am Ganze méi wéi 30 Milliarden Euro néideg, fir en Impfstoff a genuch Testkapazitéiten ze entwéckelen.