D'EU-Länner si sech net eens ginn, wat d'Ëffnung vun hire Grenze betrëfft. Eventuell kéint e Méindeg eng Decisioun falen.

Wéi d'Noriichtenagence AFP e Samschdeg matgedeelt kritt huet, wieren d'EU-Staate sech nach ëmmer net eens, wat d'Grenzëffnunge fir Drëttstaate betrëfft.

E Freideg Owend haten déi verschidde Memberlänner vun der EU a vum Schengenraum eng Lëscht mat ronn 15 Länner virgeluecht, deenen hier Bierger vu Juli sollen areesen kënnen. An der Lëscht si Länner wéi Algerien, Australien, Japan a Marokko. Chinesesch Bierger sollen ënner der Konditioun nees areesen dierfen, datt och EU-Bierger nees a China dierfen. D'USA stinn net op der Lëscht.

Bis e Samschdeg Owend hätten d'EU-Länner sollen hire Vott zu dëser Lëscht ofginn, mee verschidde Länner hu méi Zäit verlaangt. Wéi d'Noriichtenagence schreift, wéilten d'Länner e Méindeg doriwwer ofstëmmen.

Vum éischte Juli u sollen déi éischt Bierger aus Drëttstaaten nees areese kënnen. Duerno soll d'Lëscht all zwou Wochen aktualiséiert ginn.