E Bouf vun 1 Joer gouf zu Chicago am Auto erschoss. Den Täter ass nieft dem Auto mat der Mamm an dem Jong stoe bliwwen an huet 8 Mol geschoss.

Zu Chicago an den USA ass en ee Joer ale Bouf an engem Auto erschoss ginn. Den Täter soll mat sengem Auto nieft dem Auto vun der 22 Joer aler Mamm an hirem Bouf stoe bliwwe sinn a mat enger Pistoul 8 Mol geschoss hunn. Dobäi huet hien de Bouf déidlech an der Broscht getraff. D'Mamm ass um Kapp blesséiert ginn. Bis elo ass nach kee Verdächtege festgeholl ginn.

E Samschdeg koum et och a Kalifornien zu engem déidlechen Ugrëff mat enger Pistoul. An engem Akafszenter goufen zwou Persounen erschoss, 4 weider Persoune blesséiert. E verdächtegen Täter soll festgeholl gi sinn.