An Däitschland koum et zu engem tragesche Virfall. Eng Mamm wollt hire Bouf aus dem Rhäin retten an ass dobäi och erdronk.

Bei engem dramatesche Virfall zu Darmstadt an Däitschland sinn eng Mamm an hire 5-järege Bouf erdronk. D'Fra war e Samschdeg Owend zu Trebur an Däitschland mat hirem Bouf beim Rhäin. Dësen ass am Waasser erdronk, si wollt hie retten. En Zeien hätt gesinn, wéi d'Fra an de Rhäin gespronge wier an hätt si erëm erausgezunn. Si wier awer dann nach eng Kéier an d'Waasser gesprongen an ënnergaangen.

D'Mamm an d'Kand konnten no bal enger Stonn gebuerge ginn. Trotz intensive Versich vu Reanimatioun konnten déi zwee net méi gerett ginn.

Och déi 13 Joer al Schwëster hat probéiert, de Jong ze retten. Si gouf vum Sécherheetspersonal a Sécherheet bruecht.