Kuerz viru senger Führerschäinsprüfung ass e Mann mat sengem Auto an 1,5 Promill duerch d'Géigend gefuer. Hie wollt säin Auto schonn eng Kéier "ausféieren"

An der Géigend vun Hildesheim an Däitschland huet d'Police e Sonndeg en Auto ugehalen, deen am Zick Zack duerch d'Géigend gefuer ass. Bei der Kontroll hu si beim 35 Joer ale Chauffeur e Wäert vun 1,5 Promill festgestallt.

Bei der Kontroll huet de Mann zouginn, nach kee Permis ze hunn, mee hie wier kuerz virun der Prüfung. Eegenen Aussoen no hätt hie säin Auto schonn eng éischte Kéier wëllen "ausféieren". Et war warscheinlech elo déi éischt a lescht Kéier fir eng Zäitchen.