Am Zentrum vu Paräis hunn e Samschdeg Owend honnerte Jugendlecher gefeiert. Dobäi koum et zu Ausernanersetzunge mat der Police.

An der Nuecht op e Sonndeg hunn am Zentrum vu Paräis honnerte vu Jugendlecher sech fir eng spontan Party getraff. Kuerz viru Mëtternuecht ass d'Situatioun eskaléiert, wéi Jugendlecher Géigestänn op Police-Autoe gehäit hunn. Doropshin huet d'Police déi Jugendlech ëmkreest a mat Tréinegas geschoss.

An de sozialen Netzwierker hate Jugendlecher zu der Party mam Numm "ProjetX" opgeruff. Den Numm steet am Zesummenhang mam US-Film "Project X" (2012), bei deem Jugendlecher eng Party organiséieren, déi ausser Kontroll geréit.