An der Nuecht op e Sonndeg huet d'Police dräi Mol missen intervenéieren, well Lokaler sech net un d'Spärstonn gehalen hunn.

An der Nuecht op e Sonndeg huet d'Police géint 0.20 Auer an zwee Lokaler zu Esch missen intervenéieren, déi no Mëtternuecht nach op haten.

An deem enge Lokal waren nach ronn 40 Persounen, déi gedronk hunn, ouni d'Sécherheetsofstänn anzehalen oder Masken ze droen.

An engem anere Lokal war et déi selwecht Situatioun mat 12 Persounen.

An der Stad huet d'Police géint 1.20 nach missen e Lokal zoumaachen, wou och nach ronn 40 Persoune waren, ouni déi hygienesch Konditiounen ze respektéieren.

An den dräi Fäll goufen d'Lokaler direkt zougemaach an e Protokoll fir de Wirtschaftsministère erstallt. D'Besëtzer riskéieren eng héich Geldstrof souwéi d'Entzéie vun hire Ausschankgeneemegung, dat schreift d'Police e Sonndeg de Moien.

D'Corona-Reegelunge gesi vir, datt Lokaler um Mëtternuecht hir Dieren zoumaachen.