En hollänesche Won ass e Samschdeg an der Nuecht mat 200 km/h virun enger Policekontroll geflücht. Zu Capellen gouf de Fuerer gestoppt.

An der Nuecht op e Sonndeg huet déi belsch Police um 2.30 Auer e BMW mat hollännescher Plack gemellt, dee bei enger Kontroll op der Autobunn geflücht ass. Den Auto war mat 200 km/h a Richtung Lëtzebuerg ënnerwee an hat probéiert, e belsche Police-Auto ze stoussen.

Wéi déi lëtzebuergesch Police schreift, hätt een direkt all Mesuren ergraff, fir den Auto ze stoppen. Op der Héicht vu Stengefort konnt den Auto vun der Police vu Capellen ausgebremst ginn. Dobäi huet den Automobilist d'Kontroll iwwer säin Auto verluer an ass géint d'kalifornesch Mauer gerannt. Hie gouf net blesséiert.

De Fuerer, en Awunner aus Metz, konnt festgeholl ginn. Mat Hëllef vun engem Drogenhond konnten am Auto 7647,83 gr Kokain fonnt ginn. Dat huet e Wäert vu bis zu 596.000 Euro.

De Parquet huet d'Verhaftung vum Mann ordonéiert. Den Auto gouf confisquéiert.