Fir de Sall zu Tulsa opzefëlle sollen dem US-President seng Mataarbechter d'lescht Woch Corona-Ofstandstickeren ewechgeholl hunn.

D’lescht Woch war jo dem US-President Donald Trump säi Walkampf-Optrëtt zu Tulsa. Fir d’Sécherheet vun de Leit ze garantéieren, sollt tëscht all Sëtz eng Plaz fräigelooss ginn. Dës Reegel gouf vu Stickere mam Saz “Do Not Sit Here Please” gekennzeechent. Well de Sall awer net ganz gefëllt war sollen d’Mataarbechter vum President nogehollef hunn an d’Stickeren ewechgeholl hunn. Domat hätte si bewosst d'Corona-Ofstandsreegele net respektéiert. Dat hu verschidden US-Medie nodréiglech e Sonndeg gemellt. De Walkampf-Spriecher vum Trump huet dorop reagéiert a gesot dass si net wossten dass verschidde Mataarbechter dës Stickeren ewechgeholl haten.