Déi bekannt Princeton University an den USA wëll den Numm vun enger vu senge Fakultéite wéinst Rassismus ëmbenennen. 

D’Princeton University hat eng vu senge Fakultéiten nom fréierem US-President Woodrow Wilson genannt. Well dësen awer rassistesch Aussoe gemaach hat wëll d’Uni den Numm vum Wilson zeréckzéien. De Conseil vun der Uni wollt sech vum Wilson sengen Aussoen distanzéieren an op dëser Aart a Weis géint de Rassismus virgoen. De Woodrow Wilson war vun 1913 bis 1921 President an huet d’Trennung vu schwaarzen a wäisse Beamte virun allem am Süde vum Land zougelooss.