De Méindeg den Owend gëtt och den 2. Reakter vun der vill kritiséierter Atomzentral erofgefuer, déi zanter 43 Joer Stroum produzéiert.

D'Atomzentral zu Fessenheim am Elsass stoung an de leschte Joren a Joerzéngten ëmmer erëm an der Kritik. Dat net zulescht wéinst ville Problemer, déi d'Sécherheet vun der Zentral a Fro gestallt hunn. De Méindeg den Owend soll nom éischte Reakter, dee schonn den 22. Februar ofgeschalt gouf och den zweeten erofgefuer ginn.

Wat méi al, wat méi ufälleg
Keng 200 Kilometer Loftlinn vun der Lëtzebuerger Grenz ewech steet en, den Atomreakter vu Fessenheim, deen zanter 1977 Stroum liwwert. 40 Joer sollt e lafen, elo waren et der 43. Den Dënschdeg am fréie Muere soll den 2. Reakter dann elo komplett erofgefuer sinn. An dat ass net vu Muttwëll, seet de Roger Spautz vu Greenpeace Lëtzebuerg. Wat de Reakter méi al ass, wat och de Risiko fir Accidenter eropgeet.

Lauschtert hei de ganze Reportage:

3 gréisser Problemer: Attacken, schlecht Material an Äerdbiewen
Bei der Zentral zu Fessenheim ginn et donieft direkt e puer Problemer. Esou läit dës an enger Zon an där et schonn Äerdbiewe goufen an och net auszeschléissen ass, dass der net nach wäerten optrieden.

Virun e puer Jore wier dunn entdeckt ginn, dass beim sougenannten „Dampdrock-Erzeuger“ vum Reakter Nummer 2 Deeler net den Normen entspriechen an dës hätte missten ausgetosch ginn. Eng Plainte vu verschiddenen Organisatiounen huet och nach näischt bruecht.

An och d'Piscinnen an deenen déi benotzte Brennstief leien, wieren net geschützt géint Attacken oder Accidenter vu baussen, z.B. engem Fligercrash oder enger Terrorattack. Dobäi géifen an deene Piscinne vill méi där Stief leie, wéi am Reaktergebai selwer.

© GoogleMaps

Lafzäit vun anere Reaktere kéint verlängert ginn
Allgemeng wier een als Greenpeace frou, dass de Reakter ofgeschalt gëtt. Ma e grousse Problem wier, dass bei anere Reakteren d'Lafzäit soll iwwer déi 40 Joer eraus verlängert ginn. Och fir d'Atomzentral zu Cattenom wier esou eng Verlängerung am Gespréich. Wat de Reakter zu Fessenheim ugeet, do ass et mam Eroffueren net gedoen. Bis zu 20 Joer kënnen d'Virbereedung an d'Demontage selwer daueren.

Aus dem Terrain vum Kraaftwierk soll méi spéit een Innovatiounspark ginn.