Eng eemoleg Primm fir d'Leit aus de Spideeler, Maisons médicales a Fleegeheemer fir hiert Engagement wärend der Kris ze belounen.

D'Petitioun, déi eng Primm fir d'Personal an de Spideeler an aus dem Gesondheetssecteur wéinst der Coronakris fuerdert, gouf e Méindeg debattéiert. Vun 10 Auer 30 u waren d'Deputéiert an de Petitionnaire am Cercle an der Stad beieneen an hu sech ausgetosch. Dem Petitionnaire José Castro no kéint een d'Primm iwwert eng 'cotisatioun unique' vu bis zu 1% vun er Pai vu Persounen, déi iwwer 3.000€ verdéngen.

Aktuell ass esou eng Primm awer net virgesinn. Am Hierscht wëll een d'Vertrieder vum Gesondheetssecteur consultéieren an iwwert déi verschidde Problemer an Erausfuerderunge vun de jeeweilege Beruffer diskutéieren: Aarbechtskonditiounen an eng Revalorisatioun vum Secteur an der Ausbildung stinn ënnert anerem am Fokus. Aus dëse Gespréicher sollen da konkret Léisungen erausgeschafft ginn.

D'Petitioun gouf am Abrëll online gestallt an hat am Ganze 4.600 Ënnerschrëften zesummekritt. Zil ass et jo, datt een den Engagement vun dëse Leit wärend Kris mat esou enger Primm belount.