D'Coronakris kascht vill Suen - och dat zousätzlecht Botzen an Desinfizéieren am ëffentlechen Transport zielt dozou.

Zënter dem 31. Mee si bei CFL-Bussen an -Zich, grad wéi op Garen, an am Tram a Funiculaire zousätzlech Käschte vun am Ganzen 295.000 Euro wéinst dem Botzen ugefall. Dem zoustännege Minister François Bausch no géife sech dës Montanten aus 95% Personal- a 5% Matieralkäschten zesummesetzen. Well beim RGTR-Reseau ënnerschiddlech Betriber implizéiert si kéint een hei net de konkrete Montant ermëttelen.

Et wéilt een dann de Bedreiwer d'Propos maachen, datt de Mobilitéitsministère een Deel vun de Käschten iwwerhëlt. Hei kann ee seng Demande beim Ministère eraginn an déi zoustänneg Servicer kontrolléieren, ob een eppes rembourséiert kritt.