9 Schüler an 2 Enseignanten goufen zënter der Reprise an de Lycéeën de 4. Mee positiv op de Coronavirus getest.

Wéi den Educatiounsminister dëse Méindeg onfirméiert, goufen zënter dem 4. Mee 11 Persounen am Enseignement secondaire positiv op de Coronavirus getest. Konkret hate sech 9 Schüler an zwee Enseignanten infizéiert. Déi lescht Fäll gouf et an engem Stater Lycée. Hei géif et sech ëm 3 Infektiounen an enger an där nämmlechter Klass handelen.

Et kéint een hei net vun der Schoul als Infektiounsfoyer schwätzen, esou de Claude Meisch weider. D'Schoule respektiv Klasse wieren net zougemaach ginn, mee déi concernéiert Persoune goufen isoléiert an d'Kontaktpersoune sinn ermëttelt ginn. Persounen, déi an enkem Kontakt mat engem Infizéierte stoungen, hu missten a Quarantän goen.