Am Mëssbrauchsskandal vu Bergisch Gladbach sinn d'Ermëttler op d'Spuere vun iwwer 30.000 Verdächtege gestouss.

Et géif ëm d'Verbreedung an de Besetz vu Kannerpornografie an ëm konkret Dote goen. An Internet-Foren a soss Online-Déngschter hätte Persounen oppen iwwert hir Dote geschwat an hätte sech géigesäiteg Rotschléi ginn.

Leschten Hierscht gouf en Haaptbeschëllegte festgeholl an et gouf Material séchergestallt. Am Mee gouf den éischten Täter - e 27-järegen Zaldot - zu 10 Joer Prisong verurteelt a gouf fir onbestëmmten Zäit an enger Psychiatrie ënnerbruecht. 11 weider Verdächteger sëtzen an Untersuchungshaft.

Zil wier et weider Persounen ze pëtzen. Mat Numm si bis ewell 70 Verdächteger identifizéiert ginn, dat a ganz Däitschland. Wéi de Justizminister vun Nordrhein-Westfalen matgedeelt huet, soll fir den 1. Juli eng nei Task Force ageriicht ginn, déi am Kampf géint Kannerpornografie a Kannermëssbrauch aktiv gëtt.