An zwee Schluechthaiser an Däitschland huet sech eng grouss Zuel u Mataarbechter mam Coronavirus infizéiert. Zu Lëtzebuerg ass dat bis ewell net de Fall.

An den zwee Lëtzebuerger Schluechthaiser zu Wecker an zu Ettelbréck gëtt net systematesch op Infektioune mam Coronavirus getest. Dat äntweren déi zoustänneg Ministeren op eng parlamentaresch Fro. D'Tester géifen da gemaach ginn, wann e Verdacht besteet an natierlech géifen d'Mataarbechter opgefuerdert gi beim „large scale testing“ matzemaachen.

Nëmmen an engem vun den zwee Schluechthaiser wieren Infektioune festgestallt ginn, dat bei 5 Mataarbechter aus dem administrative Beräich.

Iwwerdeems geet een dovun aus, dass d'Infektioun duerch kontaminéiert Liewensmëttel iwwer de Verdauungstrakt kann ausgeschloss ginn. Déi hygienesch Moossnamen am Liewensmëttelsecteur wiere scho virdrun immens streng gewiescht, duerch d'Coronakris wieren se nach weider verstäerkt ginn.