D'Eisebunn wier d'Transportmëttel vum 21. Joerhonnert, et géifen awer ze vill Hindernisser ginn, esou de Lëtzebuerger Mobilitéitsminister.

An engem oppene Bréif un d'europäesch Kommissärin fir Transport fuerdert de Minister François Bausch méi Investitiounen an d'europäesch Eisebunnsinfrastruktur. Et géif u Kohärenz a Koordinatioun vum Netzwierk feelen. Esou géif een d'Zil vun enger besserer Koordinatioun vum internationale Schinneverkéier verfeelen.

De François Bausch fuerdert eng intelligent a multimodal Mobilitéit, déi d'Reessécherheet verbessert, den CO2-Ausstouss limitéiert an de Verkéier sozial an ekologesch nohalteg gestallt. Den Zuch misst eng real Alternativ zu Fliger an Auto ginn.