Leschte Freideg ware Jonker am Schoulhaff vun der Ettelbrécker Grondschoul unenee geroden. Den Ettelbrécker Gemengerot huet elo reagéiert.

Sécherheetsfirma iwwerwaacht Haff vun dësem Dënschdeg un

Nodeems et leschte Freideg de 26. Juni zu engem gewaltsamen Tëschefall am Ettelbrécker Schoulhaff komm ass, huet de Gemengerot elo reagéiert. Vum 30. Juni u soll eng Sécherheetsfirma de Schoulhaff vun der Grondschoul iwwerwaachen, grad esou wéi d'Géigend ronderëm, dat vun 12 Auer 45 bis 23 Auer. Och sollen nach Kameraen installéiert, dat ass aktuell awer nach net de Fall, wéi d'Gemeng eis géintiwwer confirméiert huet.

Eng 100 Jonker wieren implizéiert gewiescht

Donieft verséchert een, datt néideg Demarchen an d'Weeër geleet ginn fir d'Sécherheet vun de Bierger z'assuréieren a géint Fäll vu Vandalismus virzegoen. An de sozialen Netzwierker war op Videoen ze gesinn, wéi et am Schoulhaff op der Place Marie Thérèse zu enger Kläpperei komm war. Aktuell geet ee vu gutt 100 Jugendlechen aus, déi wuel vun ausserhalb kommen. D'Police huet missten op d'Plaz kommen.

Eng Enquête leeft fir Ëmstänn ze klären

Donieft gouf sech mat der Police an dem Parquet zesummegesat, fir d'Situatioun ze analyséieren a gemeinsam Decisiounen ze huelen. Weider huet ee sech un de Ministère fir bannescht Sécherheet geriicht fir weider Ënnerstëtzung an Hëllef ze kréien. Virdru wieren esou extrem Fäll dann nach net virkomm: Natierlech géife scho mol Jonker am Haff hänken, ma en Tëschefall an deem Ausmooss hätt et nach net ginn. D'Gemeng huet eis dann nach confirméiert, dass eng Enquête lancéiert gouf.