D'Waasser stoung u sech de Locataire vun de Gäert op de Plaze „Bouwenacker“ a „Schneier“ zu Esch zur Verfügung. Domat ass awer elo Schluss.

Wéinst Fäll vu Vandalismus zu Esch un de Leitungen an de Borne fir Drénkwaasser op de Plaze „Bouwenacker“ a „Schneier“ wäert vun haut un do kee Waasser méi lafen.

An de leschte Méint a Woche wieren deemno illegal Uschlëss un de Leitunge vun der Stad Esch festgestallt ginn, déi zu Fuitte vu bis zu 6 Kubikmeter Waasser d'Stonn gefouert hunn.

Weider wieren och d'Deeler, déi dofir suergen, dass kee Waasser zeréckleeft an esou d'Drénkwaasser kontaminéiert gëtt manipuléiert oder geklaut ginn.

An da wieren och verschidden Haaptleitunge futti gemaach ginn a Locataire vun de Gäert hätten sech net un d'Gemengereglement gehalen.