Déi zwee Déif haten sech probéiert ze verstoppen, wéi d'Beamten de Buttek duerchsicht hunn.

Am fréie Mueren den Dënschdeg géint 4.20 Auer war der Police e méiglechen Abroch an e Buttek an der Rue Jean-Baptiste Gellé zu Bouneweg gemellt ginn.
Wéi d'Beamten de Spillbuttek duerchsicht hunn, konnten se dann och zwee Männer stellen, déi sech an engem Raum hannen am Geschäft verstoppt hunn.

D'Saachen, déi se geklaut hunn, Geschir an och Droge goufe bei hinne fonnt. Op Uerder vum Parquet goufen déi zwee festgeholl.