Sozial Kontakter ouni Mask oder Ofstand bleiwen de gréisste Problem wann et ëm d'Grënn fir d'Ausbreedung vum Virus geet, esou d'Gesondheetsexperten.

Sozial Interaktiounen an Infizéierter ouni Symptomer si fir déi meeschten Neiinfektioune responsabel, dat war de Constat vun de Wëssenschaftler, déi den Dënschdeg de Membere vun der Gesondheetskommissioun an der Chamber hir Modellisatioune presentéiert hunn.
Dëse Modeller no hätt d'Schoul weiderhi kee gréisseren Impakt op d'Ausbreedung vum Virus. Vill méi problematesch wieren iwwerdeems privat Renconteren, virun allem wann dobäi vill Leit beienee kommen, déi déi sanitär Reegelen net respektéieren.

D'Gesondheetsministesch huet donieft erkläert, dass d'Modeller ganz komplex sinn an net vun Dag zu Dag adaptéiert kënne ginn. Ob sech elo eng zweet Well undeit misst ee Mëtt, respektiv Enn der Woch kucken.