Wéi eng Etüd vum Statec weist, hu vrun allem di Jonk tëscht 18 a 44 Joer ënnert dem Confinement wéinst der COVID-19-Kris gelidden.

All 3. Resident hei am Land seet, dass seng mental Gesondheet wärend dem Confinement gelidden huet. Dat huet de Statec an enger neier Etüd matgedeelt.  Vrun allem di Jonk tëscht 18 a 44 Joer hunn ënnert der COVID-19-Kris gelidden. Et sinn och éischter Frae wéi Männer, déi e Changement gespuert hunn.

Aner Facteuren, déi déi mental Gesondheet wärend dem Lockdown beaflosst hunn, waren di physesch Gesondheet vun de Leit an hir Aarbechtssituatioun.