Um Keeler Potto gouf e Motocyclist no engem Iwwerhuelmanöver widder d'Leitplank geschleidert.

Op der Streck vun Esch a Richtung Keel huet um Mëttwoch Owend ee Motosfuerer bei engem Iwwerhuelmanöver d'Kontroll iwwer seng Maschinn verluer. Hien ass widder d'Leitplank geknuppt. Säi Motorrad gouf an d‘Heck geschleidert. De Motocyclist ass op der Strooss leie bliwwen. Hie koum blesséiert an d'Spidol.

De Keeler Potto war wärend de Rettungsaarbechte fir eng Stonn gespaart.