Zu Lëtzebuerg zirkuléieren FFP2-Masken, déi vun zweiwelhafter Qualitéit solle sinn.

Zu Lëtzebuerg sollen Otemschutzmasken vun zweiwelhafter Qualitéit am Ëmlaf sinn. Ausnamereegelungen hätten een oniwwersiichtleche Marché um Bord vun der Legalitéit geschafen. Dat huet eng Recherche vun der Zeitung "Reporter" an Zesummenaarbecht mam "Organised Crime and Corruption Reporting Project" erginn.

Di sougenannt FFP2-Masken solle jo 94 Prozent vun alle Partikel, Bakterien a Viren aus der Loft filteren. Hei am Land géingen awer presuméiert FFP2-Masken zirkuléieren, déi a Wierklechkeet net méi Schutz bidden wéi eng Mask aus Stoff - awer 10 Mol méi kaschten.