An der Entrée vu Räichel gouf et en Donneschdeg kuerz virun 8 Auer en Accident mat 4 Gefierer.

Nom Accident am Agang vu Räichel huet d'Police weider Detailer matgedeelt. Ufanks war net gewosst, wéi vill a wéi schwéier d'Persoune blesséiert goufen. Wéi d'Police schreift, hunn 3 Persounen deels schwéier Blessuren dovu gedroen.

4 Gefierer waren an een Accident zu Räichel verwéckelt. Eng Automobilistin war op eng Rei vu Gefierer opgefuer.

Béid Spueren hu wärend den Opraumaarbechte misse fir den Traffic gespaart ginn.